Digital Welt entdecken - Schrëtt fir Schrëtt
Entdeckt déi digital Welt Schrëtt fir Schrëtt! An dësem Basiscours léiert Dir, wéi Dir Äre Smartphone, den Internet an aner digital Geräter am Alldag sécher an einfach benotze kënnt. De Cours besteet aus fënnef praktesche Moduler. Dir léiert den Internet kennen, kommunizéiert iwwer E-Mail a Messagerie, maacht Fotoen a späichert se an der Cloud. Dir entdeckt nëtzlech Apps wéi Komoot, Mobilité.lu a Google Maps, fir ënnerwee ze sinn. Ausserdeem kritt Dir eng Aféierung an d'Onlinebezuelen an de Mobile Banking. De Cours ass fir Ufänger geduecht a fënnt an enger entspaanter Atmosphär statt. Schrëtt fir Schrëtt gewannt Dir méi Sécherheet a Vertrauen am Ëmgang mat der digitaler Welt. De Formateur schwätzt Franséisch, Däitsch an Englesch wann néideg
Bon à savoir
Mardi à 18:00 (durée 1h40) Format : PRESENTIEL Langue des cours : Luxembourgeois Niveau : Débutant Pré-requis : Bréngt Ären eegene Smartphone oder Tablet mat.
Organisateur
UniPop
































