Mat dir!
Saïtdem d’Isa mat senger Mamm geplënnert ass, geet him alles ferme op d’Nerven. Et fënnt kee wierklechen Uschloss a souwéisou ass a sengen Aen alles sënnlos. Déi Welt, an déi d’Isa geworf ginn ass, gefält him net, an déi Zukunft, déi déi Erwuesse him verspriechen, wëllt et net. Dofir entscheet hatt, einfach alles ze änneren. Am Plaz ze maache, wat alleguer mengen, wat ee maache muss, mécht hatt sech op d'Sich no der eegener Stëmm. Lues awer sécher mierkt et, dass et ëmmer nëmme funktionéiert huet ouni ze wëssen firwat. Vun elo u wëll d’Isa säi Wee goen. Mä ganz esou einfach ass dat eben net, scho guer net, wann een sech dann dach net komplett isoléiere kann a kucken muss, mat all deenen aneren ze liewen, ouni sech ze verstellen.
Mat dir! ass ee Klassezëmmerstéck fir Jonker ab 14 Joer mat Live-Musek. Ouni Distanz gëtt hei d’Realitéit vu jonke Mënschen thematiséiert, déi an enger oniwwersiichtlecher Welt no Richtung an hirem eegene Wee sichen.
Bon à savoir
Ce spectacle est destiné aux jeunes à partir de 14 ans et se joue directement dans les salles de classe. Représentations prévues : 26 janvier au 13 février.
Inscription: [email protected].
Automatiquement traduit du luxembourgeois.
Où ça se passe ?
CAPE-Centre des Arts Pluriels Ettelbruck
1 Pl. Marie-Adelaide
9063 Ettelbruck
Luxembourg
Et sinon... retrouve l'agenda
voir tous les trucs à faire
autour de toi
Hey, t'en vas pas...
Reçois le meilleur de ce qui
se passe autour de toi
Tous les bons plans
évènements
bonnes adresses




